You are here

de-LU NRC Fast Challenge

Primary tabs

NRC Fast Challenge – REEGELEN

Dëst sinn d’Reegelen („Reegelen“), déi fir d’NRC Fast Challenge vun NIKE (d’„NCX“) gëllen. 

Wann Dir un der NCX wëllt deelhuelen, da liest Iech w.e.g. déi follgend Reegele suergfälteg duerch. Dir musst dëse Reegelen zoustëmmen, fir Iech fir d’NCX ze registréieren. D’Entscheedunge vun NIKE sinn an allen Ugeleeënheeten am Zesummenhang mat der NCX endgülteg a verbindlech. Jiddwer Participant däerf nëmmen eemol un der NCX deelhuelen.

IWWERBLÉCK

WAT ASS D’NCX?

D’NCX ass eng Geleeënheet, eng Plaz bei enger vun NIKE organiséierter Rees op Kopenhagen ze gewannen.

WIEN ASS PARTICIPATIOUNSBERECHTEGT?

Un der NCX kënnen NIKE-Memberen deelhuelen (wann de Participant den Ament keen NIKE-Member ass, kann e sech gratis ënner www.nike.com registréieren),déi zum Zäitpunkt vun der Participatioun iwwer 18 Joer al sinn an hire Wunnsëtz zu Lëtzebuerg, an Däitschland, a Frankräich, an Holland, an der Belsch, an Italien, a Spuenien, an Éisträich, an Ungarn, a Portugal, a Griicheland, a Slowenien, an Irland, a Finnland, an Tschechien, am Vereenegte Kinnekräich, a Schweden, an Dänemark an a Polen hunn (de „Participant“).

Mataarbechter vun (i) NIKE; (ii) dem NIKE-Grupp (wéi ënnen definéiert); oder (iii) aneren Entreprisen, déi mat der NCX associéiert sinn, esouwéi hir onmëttelbar Familljen- a Stotmembere sinn net participatiounsberechtegt. Vun NIKE gesponsert Athleten an hir onmëttelbar Famill sinn net participatiounsberechtegt. „Onmëttelbar Famill“ bedeit de Partner, d’Elteren, d’Gesëschter, d’Kanner an déi jeeweileg Partner.  

WÉINI KANN ECH DEELHUELEN?

Vum 08.03.2024 um 09:00 Auer MEZ bis de 14.04.2024 um 23:59 Auer MEZ(„Participatiounszäitraum“)

WÉI KANN ECH DEELHUELEN?

Wärend dem Participatiounszäitraum:

  • Registréiert Iech iwwer dëse Link https://nikerunclub.sng.link/A6sko/v3a9/eypb;
  • Stëmmt dëse Reegelen zou;
  • Absolvéiert d’Challenge „Leave Yourself in the Dust“ (d’„Challenge“) an der „Nike Run Club“-App (d’„App“), fir déi d’Participante Follgendes musse maachen:
    • D’App eroflueden;
    • Sécherstellen, datt d’Astellung fir Trainingsinformatiounen an der App aktivéiert ass; an
    • Wärend dem Participatiounszäitraum insgesamt 42,2 km (an engem eenzegen oder méi Leef) lafen an déi virgeschriwwe Leef mat der App synchroniséieren.
  • Beäntwert déi follgend Fro: Awer wat bedeit gewanne fir Iech perséinlech? Mir all ginn deem eng aner Bedeitung, also gitt eis en Iwwerbléck iwwer Är perséinlech Astellung dozou. (de „Bäitrag“).

 

UFUERDERUNGEN UN DE BÄITRAG

 

De Bäitrag muss originell, authentesch a vum Participant erstallt sinn. En däerf Follgendes net enthalen:

 

×        Material, dat d’Rechter vun Drëtte verletzt oder dogéint verstéisst, inklusiv Dateschutz-, Perséinlechkeets- oder Geeschtegen-Eegentumsrechter;

×        Material, dat Bigotterie, Rassismus, Haass oder Schued géint e Grupp oder eng Eenzelpersoun oder all Aart vun Diskriminéierung fërdert;

×        Material, dat géint gëllegt Recht verstéisst oder deem entgéintsteet;

×        Persounen, déi net de Participant sinn;

×        alles, wat als ustéisseg kéint opgefaasst ginn, inklusiv: Plakegkeet oder pornografesch Inhalter; Gewaltdoten, Verletzungen oder Schied verursaachend Handlungen (inklusiv geféierlech Stunten), Waffen aller Aart, inklusiv Pistoulen, Messeren oder Geschosser, ob echt, nogebaut oder Spillgezei;

×        Drogekonsum oder Fëmmen.

 

WÉI GI PARTICIPANTEN AUSGEWIELT?

Tëschent dem 16.04.2024 an dem 17.04.2024, (den „Auswieldatumen“), gi 5 berechtegt Participanten, nodeem se d’Challenge ofgeschloss hunn a baséierend op der Fäegkeet, Originalitéit a Kreativitéit vun hirem Bäitrag, als Gewënner aus all deenen ausgewielt, déi no de Reegelen un der NCX deelgeholl hunn (d’„Gewënner“).

 

D’Gewënner ginn den 18.04.2024 per Push-Benoriichtegung an der App benoriichtegt a si kréien Instruktiounen, wéi si hire Präis kënnen afuerderen. D’Gewënner musse bannent 48 Stonnen äntweren, fir de Präis unzehuelen, soss gëtt en anere Gewënner ausgewielt.

Wann en ausgewielte Participant seng Berechtegung net verifizéiere kann, aus iergendengem Grond net an Dänemark reesen däerf, z. B. well en den erfuerderleche Reesvisa net huet oder géint eng vun de Reegele verstouss huet, kann NIKE en anere Participant u senger Plaz auswielen.

WAT KRÉIEN ECH?

Jiddwer Gewënner kritt dat Follgend („Präis“):

 

×        Eng Plaz fir sech selwer an e Gaascht fir eng Rees (all Käschte ginn iwwerholl) op Kopenhagen (Dänemark) wärend dem Marathonweekend, dee vum 03.05.2024 bis de 06.05.2024 (d’„Veranstaltung“) stattfënnt. D’Gewënner hunn d’Méiglechkeet, de Marathon ze lafen oder d’Leefer beim Marathon unzefeieren. De Gaascht vum Gewënner muss um Dag vun der Veranstaltung iwwer 18 Joer al sinn.

×        Eng (1) Startnummer fir de Kopenhagen-Marathon fir de Fall, datt de Gewënner entscheet de Marathon matzelafen, mat engem ongeféiere Verkafswäert vun 113 € jee Startnummer.

×        Eng (1) Nike-Geschenkkaart mat engem Wäert vun 300 €, deen am Nike Store Copenhagen zesumme mat engem Akafserliefnes fir Elitesportler aléisbar ass.

×        Komplette Courseoutfit fir de Gewënner a säi Gaascht mat engem ongeféieren Eenzelhandelswäert vu 500 €.

 

De Präis ëmfaasst:

 

×        Aller-Retour-Fluch (Economy Class) fir d’Gewënner an hir Gäscht mat enger Full-Service-Fluchgesellschaft (ab der Stad vum Gewënner op Kopenhagen an zeréck vum Freideg, den 3. Mee bis Méindeg de 6. Mee);

×        Dräi (3) Iwwernuechtungen an engem vun NIKE ausgewielte 4‑Stären-Hotel zu Kopenhagen (mat Kaffi);

×        Eenhonnert Euro (100 €) pro Persoun an Dag fir déi aner Molzechten (am ganzen 300 € pro Persoun fir déi 3 Deeg fir Moolzechten);

 

De Participant erkennt un, datt d’Offluchdatumen an ‑zäiten der Verfügbarkeet an dem elengegen Ermiesse vun NIKE ënnerleien. Et gëlle méiglecherweis bestëmmten Aschränkungen. Versécherung, all uewen net genannt Käschten an Niewekäschte leien an der Verantwortung vum Gewënner. All Reese mussen zu denen Datumen, déi NIKE ugëtt, ofgeschloss ginn, soss verfält de Präis.

 

De Gewënner muss eng Nike-Reeserklärung a ‑Fräigab ofginn. De Gewënner ass fir Steieren an all aner net opgelëscht Käschte verantwortlech, inklusiv, awer net beschränkt op, Transferten, Iessen a Gedrénks, Versécherungen an all entspriechend Reesdokumenter.

 

Wärend der Veranstaltung kënne Fotoe/Videoe vun de Gewënner gemaach ginn. An Iwwereneestëmmung mat der Bedéngung 13 an andeems de Gewënner dës Reegelen akzeptéiert, stëmmt hien zou, datt NIKE de Participant wärend senger Presenz bei der Veranstaltung an/oder Participatioun un den domat verbonnenen Aktivitéite fotograféieren an/oder filmen a säi Bild benotzen däerf, och fir Reklamm-, kommerziell an intern Zwecker vun Nike.

 

De Gewënner ass fir all aner Käschten an Ausgabe verantwortlech, déi uewen net opgelëscht sinn. D’Participatioun vum Gewënner un enger oder allen Aktivitéite fir de Präis ass fräiwëlleg. Wann de Gewënner entscheet, u kenger oder net un alle fir de Präis bestëmmten Aktivitéiten deelzehuelen, kritt de Gewënner keng Entschiedegung.

 BEDÉNGUNGEN

1        Nike Retail B.V. („NIKE“) oder en anere Member vum „NIKE-Grupp“ (d. h. Nike Inc., NIKE, hir Duechtergesellschaften, all Entreprise oder juristesch Persoun, fir déi NIKE oder eng vun hiren Duechtergesellschafte Rechter lizenzéiert oder Déngschtleeschtungen erbréngt, an/oder all Entreprise, déi a Bezuch op esou eng Entreprise hir Mammen- oder Duechterentreprise ass) ass den Organisateur vun der NCX. Am Hibléck op d’Méiglechkeet, e Bäitrag zu der NCX anzereechen a, wann dat de Fall ass, un der Veranstaltung oder engem Präis deelzehuelen, stëmmt de Participant (oder den Elterendeel oder Erzéiungsberechtegte vum Participant, wann en ënner 18 Joer ass) den an dëse Reegele festgeluechte Bedéngungen zou. De Participant erkläert sech domat averstanen, datt de Participant, wann e Gäscht op d’Veranstaltung oder e Präis matbréngt, dofir suergt, datt dëse Gaascht dës Bedéngungen am uwennbaren Ëmfang erfëllt. De Participant ass verflicht, all mat der Participatioun verbonne Risiken duerch d’Zoustëmmung zu dëse Reegelen ze iwwerhuelen.

2        Et ass nëmmen ee Bäitrag pro Persoun an NCX zoulässeg. NIKE behält sech d’Recht vir, d’NCX, de Präis an/oder eng vun dëse Reegelen ouni viregt Ukënnegung auszesetzen, ze annuléieren oder ze änneren, wann si net ewéi geplangt ëmgesat, duerchgeféiert oder ofgeschloss kënne ginn an/oder opgrond vun Ereegnesser oder Ëmstänn, déi baussent der Kontroll vun NIKE leien, oder anerwäiteg, wa Bedruch, Mëssbrauch an/oder e Feeler (Mënsch oder Computer) d’NCX beanträchtegt oder hiren uerdnungsgeméisse Betrib beanträchtege kéint. NIKE ass ëmmer beméit, d’Auswierkungen op de Participant ze miniméieren, fir Enttäuschungen ze vermeiden. D’Gewënner (an hir Gäscht, wann dat de Fall ass) mussen eventuell: (a) en Ausweis virleeën; (b) eng Erklärung a Fräigab ënnerschreiwen; an/oder (c) e Formulaire fir d’Verbreedung vu Biller ënnerschreiwen, fir de Präis anzefuerderen an un der NCX deelzehuelen. 

3        NIKE iwwerhëlt keng Verantwortung fir (i) verspéit, verluer oder onvollstänneg Bäiträg oder Netzwierk-, Computer-, Hardware- oder Softwarefeeler aller Aart, déi d’Verschécken oder Empfänke vun engem Bäitrag aschränken oder verzögere kënnen; (ii) all Opschuppen, Verzögerung oder Annuléierung vun der NCX oder Veranstaltung; (iii) Verloscht, Ännerung, Opschuppen oder Verfügbarkeet vun de Präisser oder der Veranstaltung; a (iv) all Handlung oder Versäumnis vun engem Drëttubidder, déi baussent der zoumuttbarer Kontroll vun NIKE läit.

4        NIKE huet géintiwwer dem Participant keng Zousécherung hisiichtlech der Eegnung, dem Zoustand oder der Sécherheet vun der NCX oder dem Präis oder der Veranstaltungsplaz gemaach, an de Participant erkennt un, datt d’Participatioun Risiken a Gefore vun Accidenter, Persounen- a Kierperverletzungen esouwéi Saachschied mat sech brénge kann. Dës kënne sech aus eegenen Handlungen oder Ënnerloossunge vum Participant esouwéi aus Handlungen oder Ënnerloossunge vun aneren, de Spillreegelen an dem Zoustand vun den Ariichtungen an der Ausrüstung erginn. Doriwwer eraus kënnen aner Risike bestoen, déi NIKE oder dem Participant net bekannt sinn an zu dësem Zäitpunkt no vernënftegem Ermiessen net previsibel sinn. De Participant erkennt un, datt en d’Aart an d’Ausmooss vun den domat verbonnene Risike berücksichtegt huet, d’Ariichtungen an d’Ausrüstung inspizéiert huet an domat zefridden ass a sech fräiwëlleg dofir entscheet, all bekannt an onbekannt Risiken am Zesummenhang mat der NCX an/oder der Veranstaltung ze iwwerhuelen.

5        Esouwäit no gëllegem Recht zoulässeg, haft NIKE dem Participant (oder, wann dat de Fall ass, senge Gäscht) géintiwwer net fir Verloschter, Schied, Verletzungen oder Enttäuschungen, déi engem Participant aus der Participatioun un der NCX oder der Participatioun un der Veranstaltung entstinn. De Participant, fir sech selwer an am Numm vu sengen Ierwen, Testamentvollstrecker, Verwalter, Noloossverwalter, Versécherer, Rechtsnofollger an Zessionären, entléisst NIKE a seng Mammegesellschaften, verbonnen Entreprisen an Duechtergesellschaften an hir jeeweileg Geranten, Direkteren, Aktionären, Mataarbechter, Agenten, Vertrieder, Fournisseuren, Rechtsnofollger, Bevollmächtegter a Versécherer an NCX- an/oder Veranstaltungssponsoren, Organisateuren, Annonceuren, Fräiwëlleger a Mataarbechter, an all Proprietären vu Raimlechkeeten, déi am Zesummenhang mat der Veranstaltung genotzt ginn (zesummen d’„fräigestallt Parteien“) heimat vollstänneg a fir ëmmer vun a géint jeeglech Haftung, Uspréch, Klogrënn, Käschten, Verloschter, Schied oder Verfaren, déi sech aus oder am Zesummenhang mat der Participatioun vum Participant un der NCX oder senger Presenz bei der Veranstaltung erginn (mat Ausnam vum Doud oder der Kierperverletzung vum Participant opgrond vu Farlässegkeet vun de fräigestallte Parteien, esouwäit dëst no gëllegem Recht net ausgeschloss ka ginn).

6        Esouwäit no gëllegem Recht zoulässeg, erkläert sech de Participant onwidderrufflech a bedéngungslos bereet, déi fräigestallt Parteie vun a géint all Verloschter, Uspréch, Käschten, Schied oder Ausgaben (inklusiv ugemoosse Geriichtskäschten), déi am Zesummenhang mat engem Accident, Verloscht oder Schued opgrond vun der Presenz vum Participant bei an/oder der Participatioun un der NCX an/oder Veranstaltung entstinn, schuedlos ze halen a se vun dëse fräizestellen.

7        De Participant erkennt un an erkläert sech domat averstanen, datt de Participant nom Ermiesse vun NIKE disqualifizéiert gëtt, wann e keng korrekt Ugaben mécht, e Bäitrag am Numm vun enger anerer Persoun presentéiert oder méi ewéi ee Bäitrag pro Persoun areecht. Bäiträg vun Agenten, Drëtten, organiséiert Gruppebäiträg, Massebäiträg oder automatesch vun engem Computer generéiert Bäiträg ginn net akzeptéiert. NIKE kann no eegenem Ermiessen entscheeden, ob e Bäitrag zouléisseg ass. NIKE behält sech d’Recht vir, de Participant auszeschléissen, wann de Verdacht besteet, datt géint dës Reegele verstouss gouf, wann de Participant en onlautere Virdeel kritt huet oder bedréieresch Mëttel genotzt huet oder de Participant no vernënftegem Ermiesse vun NIKE d’Mark NIKE a Verruff brénge kéint.

8        All Präisinformatiounen, déi net ugi sinn, gi vun NIKE no eegenem Ermiesse festgeluecht. De Präis ass net iwwerdrobar a muss als verginn akzeptéiert ginn. Et däerfe kee Boergeld oder aner Ersetzunge virgeholl ginn, ausser vun NIKE, déi sech d’Recht virbehält, de Präis duerch en anere Präis vu gläichem oder méi héijem Wäert ze ersetzen, wann de Präis aus iergendengem Grond net verfügbar ass. D’Präisser ginn als Akommes fir e Gewënner gemellt an de Gewënner ass fir Steiere verantwortlech, déi eventuell mam Kréie vum Präis verbonne sinn.

9        NIKE gëtt keng Zousécherungen a Bezuch op d’Eegnung, den Zoustand oder d’Sécherheet vun de Präisser oder der Veranstaltung of. De Participant erkennt un, datt d’Participatioun un der NCX, de Präis an/oder d’Veranstaltung Risiken a Gefore vun Accidenter, Persounen- a Kierperverletzungen esouwéi Saachschied mat sech brénge kann. De Participant bestätegt, datt en sech bei gudder Gesondheet befënnt a keng medezinesch oder gesondheetlech Leiden opweist, déi seng Fäegkeete wärend der Participatioun un der NCX, dem Präis an/oder der Veranstaltung gefäerden oder aschränke kéinten, oder wann de Participant esou medezinesch oder gesondheetlech Leiden huet, verflicht sech de Participant, se virun der Participatioun um Präis oder un der Veranstaltung schrëftlech un NIKE ze mellen, fir datt NIKE entscheede kann, ob de Participant (no eegenem Ermiessen) deelhuelen däerf. De Participant versteet an huet d’Aart, den Ëmfang an d’Ausmooss vun den domat verbonnene Risike berücksichtegt a bewäert an entscheet sech fräiwëlleg a fräi dës Risiken anzegoen. NIKE bitt keng Versécherung (Liewes-, Kranken- oder Haftflichtversécherung) fir Krankheeten, Accidenter, Verletzungen, Verloschter oder Schied un, déi am Zesummenhang mat der Participatioun vum Participant um Präis oder der Veranstaltung entstoe kënnen. De Participant erkennt un, datt hien, wann en eng Versécherung iergendenger Aart wënscht, eng eegen ofschléisse muss.

10     De Participant stëmmt der Behandlung duerch den Ubidder vu medezineschem Personal beim Präis oder der Veranstaltung oder engem Dokter oder Spidol am Fall vun engem Noutfall oder engem anere Virfall zou, bei deem de Participant no vernënftegem Ermiessen vum Personal um Terrain medezinesch Versuergung brauch. De Participant autoriséiert dës Persounen, NIKE an aneren, déi vun NIKE zur Erfaassung vun den Informatiounen autoriséiert goufen, seng Daten (inklusiv Daten zu medezinescher Behandlung) zur Verfügung ze stellen, fir datt NIKE e Bericht iwwer de Virfall erstellen an en nëmme fir intern Zwecker versuerge kann. D’Date vum Participant gi vertraulech an no de gëllegen Dateschutzgesetzer behandelt. De Participant dréit seng eege Käschte fir medezinesch Noutfäll an all nofollgend medezinesch Ausgaben am Fall vun enger Krankheet, engem Accident oder enger Verletzung am Zesummenhang mam Präis oder der Veranstaltung.

11     De Participant trëtt heimat all Rechter, Titelen an Interessen u sengem Bäitrag, inklusiv allen domat verbonnenen Urhiewerrechter a Verwäertungsrechter un NIKE of. Wann eng Oftriedung no de Gesetzer vun der Geriichtsbarkeet vum Wunnsëtz vum Participant net zoulässeg ass, stinn NIKE no eegenem Ermiesse follgend Optiounen zur Verfügung: (i) de Participant hält d’Rechter ausschliisslech treihänneresch fir NIKE a gëtt an allen Dokumenter d’Fuerderung vun NIKE an, den Transfert duerchzeféieren, (ii) de Participant gewiert NIKE eng bedéngungslos, exklusiv, onbefrist a weltwäit Lizenz fir Handlungen, déi anerefalls d’Rechter verletze géifen. NIKE däerf de Bäitrag mat oder ouni Verwendung vum Numm vum Participant an alle Medie weltwäit fir all Zweck, ouni Aschränkung an ouni zousätzlech Iwwerpréiwung, Entschiedegung oder Geneemegung vum Participant oder enger anerer Partei benotzen. Duerch d’Participatioun un der NCX erkläert sech de Participant domat averstanen, keng Moossnamen, Uspréch oder Kloe géint NIKE oder eng aner Persoun unzestoussen, ze ënnerstëtzen, bäizebehalen oder ze autoriséieren, well d’Notzung vum Bäitrag, oder ofgeleete Wierker, d’Rechter vum Participant, inklusiv, awer net beschränkt op, Urhiewerrechter an Urhiewerperséinlechkeetsrechter verletzen. De Participant erkennt dës Weideren och un, datt NIKE a kenger Weis verflicht ass, de Bäitrag ze verëffentlechen oder an iergendenger Weis ze notzen. 

12     De Participant gewiert NIKE a senge verbonnenen Entreprisen an Duechtergesellschaften eng onbefrist, gebürefräi Lizenz fir d’Notzung vun alle Kommentaren, Feedback an Iddien, déi de Participant mat hinnen deelt, ouni Ukënnegung, Entschiedegung oder Unerkennung un de Participant, fir iergendwellech Zwecker, inklusiv, awer net beschränkt op d’Entwécklung, Hierstellung a Vermaartung vu Produkter an Déngschtleeschtungen esouwéi d’Schafung, Ännerung oder Verbesserung vu Produkter an Déngschtleeschtungen.

13     De Participant versteet a stëmmt zou, datt NIKE de Participant wärend senger Presenz bei an/oder Participatioun un der Veranstaltung oder dem Präis fotograféieren an/oder filmen däerf. De Participant gëtt NIKE, senge verbonnenen Entreprisen, Duechtergesellschaften, Rechtsnofollger, Bevollmächtegten a Lizenzhueler heimat d’Erlabnes ze filmen, ze fotograféieren, Videoen a Livestreamen oder d’Bild, Stëmm oder iergendeen aneren Aspekt vun der Opzeechnung op der Veranstaltung an domat zesummenhänkend Aktivitéiten op eng aner Aart a Weis opzezeechnen („Opzeechnung“) an d’Bild vum Participant ze benotzen, inklusiv fir Reklammzwecker, kommerziell an intern Zwecker vun NIKE. De Participant gëtt dem NIKE-Grupp d’Recht, Opzeechnunge vum Participant u belibeg Medie fir déi no gëltegem Recht maximal zoulässeg Zäit weltwäit an ouni iergendeng Entschiedegung ze notzen, fir Reklamm-, Promotiouns- oder aner kommerziell Zwecker a Verbindung mat der Promotioun vun der Veranstaltung oder zukünftege Veranstaltungen, an NIKE-Campagnen an/oder fir aner Promotiounsaktivitéiten vun NIKE. Ech erlaben NIKE ausserdeem, mäin Numm, mäi Bild, meng Presenz op der Veranstaltung a meng Resultater wärend der Veranstaltung a fir déi selwecht Zwecker wéi iergendeng Opzeechnung ze weisen. De Participant iwwerdréit NIKE heimat dat gesamt Urhiewerrecht an all aner Rechter, déi de Participant un der Opzeechnung op der ganzer Welt fir de gesamten Zäitraum vun dëse Rechter (an allen Erweiderungen, Revisiounen an Erneierungen dovun) an dono esouwäit méiglech op Dauer kéint hunn, an e gëtt NIKE eng onwidderrufflech, gebürefräi Lizenz (zesumme mat alle weideren erfuerderlechen Awëllegungen, inklusiv, awer net beschränkt op, déi no dem Copyright Designs & Patents Act vun 1988 an allen Nofollger dovun) fir d’Notzung vun der Opzeechnung an dem Numm oder dem Bild vum Participant an iergendenger Weis oder an iergendengem Medium (ob elo bekannt oder spéider entwéckelt oder entdeckt) a fir all Zwecker ouni zousätzlech Géigeleeschtung. De Participant huet kee Recht op Geneemegung a kee Rechtsusproch, deen sech aus der Notzung oder Beaarbechtung vun der Opzeechnung oder dem Numm oder Bild vum Participant ergëtt. De Participant verzicht onwidderrufflech a bedéngungslos op d’Virdeeler vun an erkläert sech domat averstanen, keng als „moralesch Rechter“ bezeechent Rechtsbestëmmungen oder änlech Gesetzer vun engem Geriichtsstand duerchzesetzen. De Participant erkläert sech domat averstanen, datt NIKE net verflicht ass, déi vum Participant zougestane Rechter ze notzen. De Participant erkläert, datt et fir NIKE net erfuerderlech ass, d’Erlabnes vun Drëtten anzehuelen oder eng Bezuelung fir déi an dëser Bedéngung zougestane Rechter ze leeschten.

14     De Participant erkennt un an erkläert sech domat averstanen, datt e verflicht ass, op eng Weis un der NCX an/oder Veranstaltung deelzehuelen, déi esou sécher ewéi méiglech ass, a besonnesch d’Reegele vun der NCX an/oder Veranstaltung anzehalen, sech un d’Sécherheetsinformatiounen an ‑uweisungen ze halen, mat ugemoossener Suergfalt virzegoen, fir geféierlech Situatiounen ze vermeiden a sech ëm sech selwer an aner Participanten op enger Veranstaltung ze këmmeren. De Participant erkennt un, datt en sech de Follge vu sengem Netanhalen vun esou Virschrëfte bewosst ass, déi de Verloscht vu senger Berechtegung, un zukünftegen änleche Veranstaltungen deelhuelen ze kënnen, ëmfaasse kënnen. De Participant bestätegt, datt d’Ausrüstung (falls zoutreffend), déi e fir d’NCX an/oder Veranstaltung benotze soll, a guddem Zoustand, uerdnungsgeméiss astandgehalen a fir d’Veranstaltung gëeegent ass. De Participant erkennt un, datt en iwwer dat noutwendegt Mooss u Fäegkeet, Fitness an Ausdauer verfüügt, déi d’NCX an d’Veranstaltung erfuerderen.

15     Wann net anescht vun NIKE ugewisen, erkennt de Participant un, datt en dofir verantwortlech ass, wärend der Participatioun un der NCX oder Veranstaltung déi entspriechend Ausrüstung, Kleedung a perséinlech Schutzausrüstung vum Participant (falls zoutreffend) bereetzestellen a jidderzäit ze droen. Weigert sech de Participant, perséinlech Schutzausrüstung ze droen, dann erfollegt d’Participatioun un der NCX oder Veranstaltung op den eegene Risiko vum Participant, an am gesetzlech zoulässegen Ëmfang iwwerhëlt NIKE keng Verantwortung oder Haftung fir Verloschter, Schied oder Verletzungen, déi dem Participant opgrond vun der Verweigerung vun der Schutzausrüstung zougefüügt goufen. De Participant erkennt un, datt NIKE (no eegenem Ermiessen) entscheede kann, ob de Participant un der NCX oder Veranstaltung deelhuelen däerf, wann en ugewise gouf, perséinlech Schutzausrüstung ze droen a sech weigert, dat ze maachen.

16     De Participant versteet an erkennt un, datt: (i) NIKE dem Participant d’Participatioun un der NCX, dem Präis an/oder der Veranstaltung jidderzäit verweigeren oder seng Participatioun ënnerbrieche kann, wann en dës Reegelen oder d’Uweisunge vun NIKE-Vertrieder bei der NCX, dem Präis an/oder der Veranstaltung net anhält; (ii) d’Participatioun vum Participant un der NCX, dem Präis an/oder der Veranstaltung net un Drëtter iwwerdroe ka ginn; an (iii) NIKE erwaart, datt de Participant an der Lag ass, mat anere Participanten op sécher a friddlech Weis deelzehuelen an datt NIKE a Bezuch op kierperlech Gewalt, verbale Mëssbrauch, rassistesch Iwwergrëffer, Diskriminatioun, Belästegung, Haassrieden a Verursaache vu Schied un Eegentum en Null-Toleranz-Usaz verfollegt an datt NIKE no eegenem Ermiessen dem Participant d’Participatioun un der NCX, dem Präis an/oder der Veranstaltung verweigere kann oder seng Participatioun ënnerbrieche kann, wann de Participant sech un esou engem Verhale bedeelegt.

17     De Participant erkennt un, datt NIKE sech d’Recht virbehält, den Datum vun der Veranstaltung ze änneren oder aner Ännerungen un der NCX, dem Präis an/oder der Veranstaltung virzehuelen, déi fir erfuerderlech gehale ginn. NIKE ass net verflicht, d’NCX, de Präis an/oder d’Veranstaltung ofzehalen a kann d’NCX, de Präis an/oder d’Veranstaltung aus iergendengem Grond ofsoen. NIKE iwwerhëlt keng Verantwortung fir Verloschter, Ausgaben oder Käschten, déi an der Folleg vun enger Ännerung oder dem Ofsoe vun der NCX, dem Präis an/oder der Veranstaltung entstinn, inklusiv Rees- an Ënnerkonftskäschten.

18     Dës Reegele stellen dat gesamt Ofkommes tëschent de Parteien duer an ersetzen a setzen all fréier Entwërf, Ofkommessen, Reegelungen an Ofsproochen tëschent hinnen, ob schrëftlech oder mëndlech, a Bezuch op hire Géigestand, ausser Kraaft. Dës Reegele kënnen nëmme vun NIKE an Iwwereneestëmmung mat de Reegele geännert oder ofgeännert ginn. All Partei erkläert sech domat averstanen, datt si keng Rechtsmëttel a Bezuch op Zousécherungen oder Garantien (onofhängeg dovun, ob si a guddem Glawen oder farlässeg gemaach goufen) huet, déi net an de Reegele festgeluecht sinn.

19     De Participant erkläert sech domat averstanen, datt NIKE déi hinnen zougestane Rechter no eegenem Ermiessen un Drëtter oftriede kann.

20     Sollt eng Bestëmmung vun dëse Reegele ganz oder deelweis aus iergendengem Grond fir ongülteg oder net duerchsetzbar befonnt ginn, da bleift d’Gültegkeet vun den iwwrege Bestëmmunge vun dëse Reegelen dovun onberéiert a se bleiwe weiderhi gülteg an duerchsetzbar. Déi onwierksam oder net duerchsetzbar Bestëmmung gëtt duerch eng gülteg Bestëmmung ersat, déi der onwierksamer oder net duerchsetzbarer Bestëmmung an hirem Wiesen esou änlech ewéi méiglech ass.

21     Dës Reegelen an all Streidegkeeten, déi sech aus oder am Zesummenhang mat hinnen erginn, ënnerleien de Gesetzer vun der Geriichtsbarkeet vum Wunnsëtz vum Participant.

DATESCHUTZHIWEIS

Fir d’Zwecker vun dëse Reegelen ass den Datekontrolleur déi uewe genannt juristesch Persoun vun NIKE. Duerch d’Participatioun un der NCX stellt Dir NIKE bestëmmt perséinlech Date bereet wéi Kontaktdaten, perséinlech Daten am Zesummenhang mat der NCX a Biller. Dir verstitt an erkennt un, datt Dir duerch d’Registréierung fir d’NCX an duerch Ukräize vun der Kontrollkëscht erkläert, datt Dir mat dësem Dateschutzhiweis averstane sidd, fir datt NIKE Är perséinlech Date verschaffe kann. NIKE verschafft d’perséinlech Date fir d’Verwaltung an Ausféierung vun der NCX esouwéi fir d’Verschaffe vu Follgeugeleeënheeten no der NCX. Am Mooss, an deem Dir NIKE perséinlech Date vun Drëtte wéi déi vun engem Gaascht zur Verfügung stellt, erkennt Dir un, datt Dir déi erfuerderlech Awëllegung vum Drëtte fir d’Verschaffe vu sengen Daten duerch NIKE ageholl hutt. 

Dir kënnt Äert Averständnes jidderzäit widderruffen. Wann Dir dat maacht, kann NIKE Är perséinlech Daten net méi verschaffen an Dir kënnt dohier net méi un der NCX deelhuelen. NIKE kann Är perséinlech Daten un Drëtter weiderginn, fir d’Daten am Numm vun NIKE ze verschaffen. Bei der Notzung vun Drëtten fir d’Verschaffe vun Date verlaangt NIKE vun den Drëtten, gëeegent Moossname fir de Schutz vun Äre perséinlechen Daten ze ergräifen. NIKE kann déi am Kader vun der NCX erfaassten a verschaffte perséinlech Date baussent dem EWR oder der Schwäiz iwwerdroen a späicheren. Dobäi stellt NIKE sécher, datt Är perséinlech Daten, déi an dës Länner iwwerdroe ginn, an Iwwereneestëmmung mat den Dateschutzbestëmmungen ugemooss geschützt ginn.

NIKE verschafft Är perséinlech Date jidderzäit an Iwwereneestëmmung mat de gëllegen Dateschutzgesetzer. Weider Informatiounen dozou, wéi NIKE Är perséinlech Date verschafft a wéi eng Rechter Dir hutt, fannt Dir an der NIKE-Dateschutzerklärung ënner Dateschutzerklärung. Fir Är Rechter op Zougrëff, Läschung oder Korrektur auszeüben, benotzt w.e.g. de Webformulaire. Wann Dir spezifesch Froen zum Verschaffe vu perséinlechen Daten hutt, da schéckt w.e.g. eng E‑Mail un den Dateschutzbüro ënner privacy@nike.com

 

NUMM VUN DER NCX-VERANSTALTUNG: NRC Fast Challenge

STARTDATUM VUN DER NCX-VERANSTALTUNG: 09.03.2024

 

ECH HUNN D’REEGELEN UEWE SUERGFÄLTEG GELIES, HIREN INHALT VOLLSTÄNNEG VERSTANEN A STËMMEN DËSE BEDÉNGUNGE FRÄIWËLLEG ZOU 

☐ ECH AKZEPTÉIEREN D’GESCHÄFTSBEDÉNGUNGE FIR D’PARTICIPATIOUN UN DER VERANSTALTUNG

☐ ECH STËMMEN DER VERAARBECHTUNG AN NOTZUNG VU MENGE PERSÉINLECHEN INFORMATIOUNEN DUERCH NIKE NO DER DATESCHUTZERKLÄRUNG ZOU

☐ ECH STËMMEN DER NOTZUNG VU MENGEM BILD WÉI UEWE BESCHRIWWEN ZOU

 

VOLLSTÄNNEGEN NUMM:

 

 

ËNNERSCHRËFT:

 

DATUM:

 

Agreement Type: 
Locales: 

User login